Den ‘Centre médical Potaschbierg’ ass mam Bedreiwen vun sengem ‘cabinet d’imagerie’ nullement an der Illégalitéit.
Hei a kuerzen Wierder e puer juristësch Prézisiounen :
D’Spidolsgesetz vun 2018 applizéiert sech exklusiv op Etablissement’en, déi ënnert den Terme ‘établissement hospitalier’ faalen. Gemäss dem Artikel 1 vum Spidolsgesetz vun 2018 sin dësst 4 Catégorien’en vun Etablissement’en. Den ‘Centre médical Potaschbierg’ fällt ënnert keng vun dësen Catégorie’en. An diversen Courrier’en, notamment an Courrier’en vum 17.11.2021 an 22. Abrëll 2022 un den ‘Centre médical Potaschbierg’, bestätegt d’Mme Minister LENERT selwer dëss Analyse ( « Etant donné que le G.I.E. ‘Centre médical Potaschbierg’ n’est pas un établissement hospitalier au sens de (cette disposition) (article 1er de la loi du 8 mars 2018... )». Dësen éischten Punkt implizéiert, datt fir den den ‘Centre médical Potaschbierg’ d’Obligatioun, Autorisatiounen gemäss dem Spidolsgestetz vun 2018 ze kréien (notamment d’Acquisitioun vum engem medizineschen Apparat vun méi wéi 250.000 EUR autoriséieren ze loossen (Artikel 14 (2) vum Spidolsgesetz vum 2018) nëtt spillt. Sollt den Reproche vum Ministère de la Santé deen sin, esou eng Autorisatioun géif dem ‘Centre médical Potaschbierg’ fehlen, wär dëss Analyse falsch.
Keen bestehenden Text réservéiert valablement d’Bedreiwen vun den radiologëschen Apparater IRM, Scanner an konventionnel Radiologie den ‘établissements hospitaliers’. Heizou sierf direkt gesoot, datt d’Madame Minister LENERT och dëss juristësch Réalitéit expressis verbis schonn bestätegt huët, andeems si an engem Bréif vum 15. Juni 2021 un den Me André LUTGEN, mandataire vum Radiolog Renzo DEL FABBRO an enger éischter Affaire, vun engem « vide juridique » geschwaart huët. (« .... Le Gouvernement veillera de combler le vide juridique qui s’est implémenté du fait de l’arrêt de la Cour constitutionnelle... »).
Wéi gewosst war am Dossier vum Radiolog Renzo DEL FABBRO saitens vum Ministère de la Santé gemengt gin, ëtt kéint een sech op e Règlement grand-ducal vum 29. Abrëll 1993 bezéien, fir dësem Radiolog seng Demanden, en IRM an SCANNER ze bedreiwen, ze refuséieren.
An hierem Arrêt vum 5. Juli 2019 huët d’Cour Constutionnelle ënnerstrach :
i) datt gemäss dem Artikel 11 vun der Constitutioun all Bestëmmung, déi den Exercice vun enger ‘profession libérale’ aschränkt, vun legaler Natur muss sin ; ii) datt gemäss dem Artikel 32 Paragraph 3 vun der Constitutioun an den Matièren, déi ‘réservées à la loi’ sin, e Règlement grand-ducal nëmmen kann geholl gin, wann e Gesetzestext am Firfeld heizou Objektiver an eventuell applikabel Conditiounen définéiert huët.
Op der Basis vun dësen Rappellen gouf deen Artikel vum Santésgesetz, gemäss welchem den firernimmten Règlement grand-ducal vum 29. Abrëll 1993 geholl gin war, als nëtt konform zu der Constitutioun erklärt. D’Refus’en, déi den Dr DEL FABBRO vum Ministère de la Santé kritt haat, goufen vum Verwaltungsgeriicht annuléiert.
Vu datt d’Santésgesetz an den Règlement grand-ducal vun 1993 soumatt nëtt méi als Brems fir d’Bedreiwen vun Radiologiesapparater am Extrahospitalier kënnen benotzt gin gëtt am Fall vum ‘Centre médical Potaschbierg’ Referenz gemaach op en aaneren Règlement grand-ducal, nämlech en Règlement grand-ducal vum 12. Juni 2004.
Or, déi Exigenzen, déi betreffend dem Règlement grand-ducal 1993 vun der Cour Constitutionnelle ënnerstrach gin sin, sin évidenterweis hei nach ëmmer z’applizéieren.
Also, prinzipiell misst e Gesetzestext déi vum Ministère de la Santé gewollten Onméiglechkeet vum Bedreiwen vun Radiologiesapparter am Extrahospitalier énoncéieren.
Den Ministère de la Santé referéiert sech awer ob en Règlement grand-ducal, eng Approche déi nëmmen valabel wär, wann een Gesetzestext schon eng prézis Basis fir esou eng Restiktioun géif firgesin.
Den Text op der Basis vum welchem den Règlement grand-ducal vun 2004 geholl gouf, ass d’Spidolsgesetz vun 1998, waat allerdengs vum Spidolgesetz vun 2018 abrogéiert gouf.
Heivun emol ofgesin, och dëss d’Spidolsgesetz vun 2018 sprecht matt kengem Wuert eng Interdictioun vun Radiologiesapparater am Extrahospitalier aus. Ett ass nëtt vun Ongeféier, datt d’Madame Minister LENERT selwer am Juni 2021 e « vide juridique » évoquéiert huët.
Au contraire : an der Annexe 3 zum Spidolsgesetz vun 2018 huët den Législateur déi Apparater opgelëscht, fir déi eng ‘Planification nationale’ muss erfollegen an déi och nëmmen a limitéieerter Zuel sollen bedriwwen gin. An do sin weder den IRM, nach den Scanner, nach d’ailleurs Apparater vun der konventionneller Radiologie ernimmt!
Déi am Règlement grand-ducal vun 2004 poséiert Bestëmmung, den IRM dem Hospitalier ze réservéieren ass soumatt a Konflikt zum aktuell applikabelen Gesetz.
Or, ëtt ass op dësen Règlement grand-ducal vun 2004, op welchen d’Madame Minister LENERT an diversen Schreiwen un den ‘Centre médical Potaschbierg’ verweist fir ze soën, datt d’Bedreiwen vun der Imagerieaktivitéit hei nëtt rechtens wär. Aus firgenannten Grënn ass dëss Positioun nëtt richteg. Deen sewechten Constat ass ze maan betreffend all éventuell negativ Positioun, déi d’CNS (op der Basis vun enger ‘Illegalitéitsthéorie’) betreffend den Remboursement vun den ‘actes médicaux’ vun den Radiologen aus dem ‘Centre médical Potaschbierg’ kéint zéien.